|
" Suessem
am Kabes " - dat war 1973 - den éischte Motto vum " Suessemer Pifffaass
" - enger Kapesëtzung, déi deemools ganz enk bei deem loung, wat
een haut nach vum däitsche Fernseh kennt.
Esou
gouf et an der alleréischter Versioun z. Bsp. e " Funkemariechen
" (!) , e " Comité " op der Bühn, eng Bütt, Medaillen, Op - an Ofmarsch
a vill "Winke-Winke" ( di meescht Elementer sinn iwwert
d'Joere verschwonn, wëll se iwwerlieft waren, just en " Op - an
Ofmarsch " gëtt et bis haut - awer nëmmen heiansdo :)
De Pierre
Zenner - Zennesch Pir, och nach Pipo genannt - hat schonn zu Péiteng
esou eng Kapesëtzung op d'Been gestallt a wollt dat och zu Suessem
machen. Di Suessemer Veräiner si mat op de Won gesprongen - mat
där Manifestatioun goufen am Ufank Sue gesammelt, fir de Suessemer
Kanner mam Erléis fir Niklosdag eng Tiitche kënnen z'iwwerreechen.
Zennesch
Pir huet bis zu sengem Dout 1988 souzesoen all Texter fir d'Pifffaass
geschriwwen - aus senger Fierder staame Kultgestalte wéi den Dëlpes,
den Zaldot Muppi, de Misch an de Mischi, etc… Hien ass och de Papp
vu Lidder ewéi " De Schlippi ", " D'Tatta Anna ", " Haut den Owend
gi mir net an d'Bettchen " …
"Ëmmer
" scho beim Pifffaass derbäi waren och den Arny Bauler an den Alphonse
Morang. Wéi Pir net méi do war, hu si d'Relève beim Schreiwen an
bei der Regie iwwerholl - dat bis Mëtt der 90er Joeren.
Dat war
en Challenge, schliisslech goung a geet et och nach haut, all Joer
drëm, Iddien ze fanne fir eng Show vu bis zu dräi Stonnen.
Eng aner
grouss Erausfuerderung Ufank der 90er war, dass déi Suessemer Veräiner
an d'Hal op der Nidderkuerer Strooss geplënnert sinn. D'Pifffaass
koum eraus aus dem enken, intime Kader vum " Café am Center ", wou
de Sall dacks während den Opféierungen gekacht huet, Akteuren op
der Bühn alt emol hier léif Méi haten, dem Publikum iwwerhaapt Meeschter
ze ginn.
An der
Hal huet d'Pifffaass opgeotemt: mä och do ass d'Stëmmung exzellent,
wann et op der Bühn esou richteg dubbert, Grand-Duc's op Besuch
sinn, den Olek an säi Kolleg laanscht kommen, de Buergermeeschter
säin Tour dréit, d'Kadette vum Männerballet optrieden - oder e richtegen
Hit usteet ewéi " D'Zockerblimchen ",oder " Kättche bréng mir e
Pättchen ".
Zënter
" ëmmer " (iwwer 30 Joer) mat derbäi sinn de Serge Blasen, d'Sophie
Morang an d'Carine Reuter-Bauler- zesumme mam Jean Claude Majerus
droe si d'Pifffaass schonn iwwer 15 Joer - entouréiert gi se vun
enger Equipe, mat vill Erfarung ronderëm de Paul Montalto, d'Marie-Paule
Muller an d'Nathalie Nickels, déi all hire Pefferkär bäileeën.
D'Pifffaass ass ëmmer nach eng Organisatioun vun der Suessemer Veräinsentente
- woubäi den haarde Kär sech op zwou Dose Leit beschränkt - hiert
d'Ziel bleift et, dem Publikum e lëschtegen a flotten Owend ze bidden
- an dat ze soen, wat muss gesot ginn ;-)
Dofir
ass d'Pifffaass mat de Joeren och ëmmer méi aktuell ginn -musikalesch,
mä och wat di lokal an di national Aktualitéit ugeet. Gréisste wéi
de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, de Premier, den Ausseminister,
de Bëschof oder de Buergermeeschter drécken sech op der Bühn d'Klensch
an de Grapp...
D'Equipe
vum Suessemer Pifffaaass probéiert all Joer op een neits, mat klenge
Moyenen eng professionell Show mat Live Musek a modernster Technik
iwwert d'Bühn ze kréien. An dofir gëtt di lescht Joeren och ee Mount
geprouft, an net wéi um Ufank - just 5 Deeg !
|